Toyota

Virun méi wéi 50 Joer huet déi europäesch Geschicht vun Toyota ugefaang. Haut gi bal dräi véierel vun den verkaaften Toyota an Europa och op dësem Kontinent produzéiert.

D’Basiswerter vun der Marque Toyota sinn eng grouss Gamme vun qualitativ héichwäertegen Autoen, exzellenter Zouverlässegkeet an Servicer, den Developpement an d’Aféieren vun neien Technologien.

Toyota ass den Pionéier am Bauen vun Autoen mat nidderegen Emissiounswäerter. Schnell hun sie ugefaang an d’Hybridtechnologie an a Brennstoffzellen ze investéieren. Säit dem Lancement vum Prius, deem alleréischten Hybrid vun der Marque, huet Toyota méi wéi 9 Milliounen Hybridautoen weltwäit op d’Stroossen gelooss. Am Moment ass Toyota den eenzegen deen eng komplett Gamme vun Hybridautoen huet, vum klengen Auto bis zum SUV.

Toyota ass zanter 50 Joer zu Lëtzebuerg aktiv an ass duerch 3 Concessiounairen vertrueden (Toyota Lëtzebuerg, Garage Deltgen an Garage By Lentz).

Fahrzeuge im Angebot

  • Kompaktwagen
  • Limousine
  • SUV / Geländewagen
  • Pick-up
  • MPV
  • Coupé
  • Cabriolet
  • Motorrad
  • Wohnwagen


offizielle Händler